Tiny Bar

Winterfeeling op der Musel

Mat der Tiny Bar Winter Edition ass d‘Muselstiedche Réimech em eng weider Attraktioun méi räich. Op enger vun de schéinste Plazen, direkt um Bord vun der Musel, bidde mir Iech och elo am Wanter eng flott Location fir ze chillen, een ze drénken a schéi Momenter ze verbréngen.

Bei gudder Musek a relaxer Atmosphäre kënnt dir elo vu Donneschdes bis Sonndeg Är Nomëtteger an Owender an eiser Tiny Bar genéissen. Mat enger flotter Terrass mat direktem Bléck op d’Waasser hu mir och fir déi néideg Entspanung gesuergt. Dobäi fannt och dir op eiser Wanter Gedrénkskaart ganz sécher de passende Patt fir mat Famill a Frënn unzestoussen oder ze feieren.

Dot Iech gutt un a kommt an iwwerzeegt Iech selwer vun Ärem neie favorite Spot.

Mir freeën eis op Iech.

EVENTS

Wat steet um Plang an der Tiny Bar

An eiser Tiny Bar ass elo och iwwert de ganze Hiescht a Wanter garantéiert ëmmer eng lass. Dofir wäerte mir suergen an Iech mat verschidden Eventer Weekends an och emol an der Woch verwinnen. Hei fannt dir reegelméisseg déi nächst Eventer a gitt sécher keen dovun ze verpassen. Stay tuned

Ethan Carey & Emilie Trabut – 30.11.2023
Andrea Galetti – 07.12.2023
Emili – 14.12.2023
Adrian Seimetz – 21.12.2023

Al EVENTS

Gallery

Wat erwaart Iech an der Tiny Bar

Kontakt

Dir wëllt gäre méi iwwert Tiny Bar wëssen

Sidd Dir interesséiert een drénken ze kommen a wësst net wouhin? Wëllt dir mat oder villäicht souguer fir eis schaffen? Dann huelt mat eis Kontakt op iwwert eise Formulaire, schreift eis direkt eng Mail oder kommt eis emol besichen. Eis Equipe steet Iech ëmmer gäre Ried an Äntwert!

Eis Tiny Bar waart op Iech an der route du vin zu Remich, direkt um Bord vun der Musel. Mir leien net wäit vun der Schwemm an dem Zentrum weg. Och hu mir d’Chance zwee grouss Parkinger ganz no bei eis ze hunn.

Adress

8, route du vin L-5549 Remich

Opening Hours

Do-Sa: 16h00-23h00 So: 14h00-23h00

Email

info@tinybar.lu

Keng Reservatiounen

Et deet eis leed mee leider huele mir keng Reservatiounen un.
Dohir recommandéieren mir Iech sou fréi wéi méiglech ze kommen.

Villmools Merci fir Ärt Versteesdemech.

Newsletter

Dir wëllt keng verpassen?

Dann abonéiert d’Tiny Bar Newsletter an sidd ëmmer um neiste Stand. Et ass ganz einfach, klickt op de Link a schreift Iech elo an…

Tiny-Bar-Luxembourg-Logo-Remich-Drinks-Lounge-Beach-Newsletter-blue-RGB

Extra fir de Wanter

Ganz nei op eiser Kaart

Mir hunn net nëmmen eis Tiny Bar mee natirlech och eis Kaart e bëssen un de Wanter adaptéiert. Niewt e puer neie Cocktailen an de gudde waarme Klassiker wéi Glühwäin, Schocki a Co. fannt dir och elo eise Kéis a Charcuterie Teller sou wéi eng ganz speziell Tarte flambée raclette.

Nei Cocktailer | Glühwäin, Schocki a Co | Kéis a Charcuterie Teller | Tarte flambée raclette.