Tiny-Bar-Luxembourg-Logo-white-Remich-Drinks-Lounge-Beach

Tiny Bar

Summerfeeling op der Musel

Mat der Tiny Bar ass d‘Muselstiedche Réimech em eng weider Attraktioun méi räich. Op enger vun de schéinste Plazen, direkt um Bord vun der Musel, bidde mir Iech ab dësem Summer eng flott Location fir ze chillen, een ze drénken a schéi Momenter ze verbréngen.

Bei gudder Musek a relaxer Beach Atmosphäre kënnt dir Är Nomëtteger an Owender an eiser Tiny Bar genéissen. Mat enger flotter Terrass mat direktem Bléck op d’Waasser hu mir och fir déi néideg Entspanung gesuergt. Dobäi fannt och dir op eiser Gedrénkskaart ganz sécher de passende Patt fir mat Famill a Frënn bis an de Sonnenënnergang unzestoussen oder ze feieren.

Kommt an iwwerzeegt Iech selwer vun Ärem neie favorite Spot.

Mir freeën eis op Iech.

EVENTS

Wat steet um Plang an der Tiny Bar

An eiser Tiny Bar ass iwwert de ganze Summer garantéiert ëmmer eng lass. Dofir wäerte mir suergen an Iech mat verschidden Eventer Weekends an och emol an der Woch verwinnen. Hei fannt dir reegelméisseg déi nächst Eventer a gitt sécher keen dovun ze verpassen. Stay tuned

Season Opening
Let's go 2026
1. May 2026 | 16:00 -
23:00

Music by :

Blueteck & D4mnitz
Tiny Vibe
Tiny Bar in Concert
7. May 2026 | 19:30 -
21:30

Music by :

Kev Heinen
Tiny Yoga
Flow into the summer
10. May 2026 | 10:30 -
11:30

Yoga Class by :

Sänd
Tiny Vibe
Tiny Bar in Concert
14. May 2026 | 19:30 -
21:30

Music by :

Nessecity
Tiny Vibe
Tiny Bar in Concert
21. May 2026 | 19:30 -
21:30

Music by :

Leandro Correia
Tiny Beats
Sundays @ Tiny Bar
24. May 2026 | 14:00 -
23:00

Music by :

DJ Duschti & DJ Mixuel

Al EVENTS

This error message is only visible to WordPress admins
Error: Access Token is not valid or has expired. Feed will not update.

Video

E puer Impressiounen aus der Tiny Bar

Gallery

Wat erwaart Iech an der Tiny Bar

Kontakt

Dir wëllt gäre méi iwwert Tiny Bar wëssen

Sidd Dir interesséiert een drénken ze kommen a wësst net wouhin? Wëllt dir mat oder villäicht souguer fir eis schaffen? Dann huelt mat eis Kontakt op iwwert eise Formulaire, schreift eis direkt eng Mail oder kommt eis emol besichen. Eis Equipe steet Iech ëmmer gäre Ried an Äntwert!

Eis Tiny Bar waart op Iech an der route du vin zu Remich, direkt um Bord vun der Musel. Mir leien net wäit vun der Schwemm an dem Zentrum weg. Och hu mir d’Chance zwee grouss Parkinger ganz no bei eis ze hunn.

Adress

7, route du vin
L-5549 Remich

Ëffnungszäiten

Më-Sa: 16h00-23h00
So: 14h00-23h00

Opening Hours

Zou bis Mee 2026

Email

info@tinybar.lu

Keng Reservatiounen

Et deet eis leed mee leider huele mir keng Reservatiounen un.
Dohir recommandéieren mir Iech sou fréi wéi méiglech ze kommen.

Villmools Merci fir Ärt Versteesdemech.

Newsletter

Dir wëllt keng verpassen?

Dann abonéiert d’ Tiny Bar Newsletter an sidd ëmmer um neiste Stand. Et ass ganz einfach, klickt op de Link a schreift Iech elo an…

Tiny-Bar-Luxembourg-Logo-Remich-Drinks-Lounge-Beach-Newsletter-blue-RGB